Dan Datum steet fest; De Kiwanis Clasic Car Event 2025 ass de 27. Abrëll.

De Kiwanis Classic Car Event 2023 kritt de Logo Green Event

De Label “green events” gesäit an 8 verschidde Kapitel, dorënner Communicatioun a Marketing, Dekoratioun, Iessen an drénken, Offäll a Waasser Moossname vir, déi den Event méi nohalteg encadréiere sollen. De Kiwanis Club Uelzechtdall huet fir de Kiwanis Classic Car huet duerfir zum Beispill op Reklamm op Pabeier verzicht,  „single use plastik“ komplett ausgeschloss, d’Roadbook op recycléiertem Pabeier gedréckt, d’Iessen op den dräi Plazen gëtt op Parzelläin zervéiert an den Ooffal dee nach sollt entstoen gëtt getrennt entsuergt. Äschebecher sinn op de verschidde Plazen wou mer Halt maachen.

Op dräi Plaze ginn héichwäerteg regional a lokal Produite verschafft, deels aus biologeschem Ubau. Et ginn vegetaresch Alternativen ugebueden an esou guer op ebentuell Allergien agaang. Moies gëtt Bio-Uebst vun heiheem zerwéiert a fairtrade Kaffi. Gedrénks mat an ouni Alkohol ass aus Lëtzebuerg.

Voilà, e ganze Koup Moossnamen fir dem Label gerecht ze ginn.

Mir freeën eis op e flotten Dag mat Iech, am Zeeche vum

Abrëll 2024

De Betrieb Carrosserie Roemen ënnerstetzt eis bei der Organisatioun vum KCCE

De Bësch a Gaardenzenter ass Partner beim Kiwanis Classic Car Event

A weider Sponsoren vum Kiwanis Classic Car Event

De Kiwanis Classic Car Event gëtt och dëst Joer vu Modulor ënnerstetzt

Mäerz 2023

Fotoshooting mat Levygraphie bei eisem Partner dem Kiggen’s Classic Workshop

Um Kiwanis Clasdic Car Event gi mer dëst Joer vum Restaurant a Guddesch vu Biereng bekacht. Gudden Appetit bäi Entree, Haptplat an Dessert.

Levygraphie ass eise Partner fir de Fotoreportage vum Kiwanis Classic Car Event

Electricité Reckinger-Bock ass neie Partner vum KCCE

Baatz Constructions ass och dëst Joer Partner vum Kiwanis

De Kiwanis Classic Car Event gëtt CO2-neutral.

Mir kompenséieren d’CO2 Emissiounen déi duerch de Rallye emettéiert ginn. Duerfir ënnerstetze mir ee vum World Wildlife Found (WWF) mat Gold ausgezeechente Projet. E Projet deen direkt e puer Zieler vun de „sustainable development goals“ vun der OECD ustrieft.

Febuar 2024

Mir sou frou Iech eis éischt Sponsoren dierfen ze presentéieren.

Januar 2024

D’Generalversammlung vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun huet haut de Kiwanis Club Uelzechtdall unanime op geholl.

Mir freeën eis op eng wertvoll Zesummenaarbecht.

————————————————————————————

____________________________________________________________________________________________

November 2023

Wer/was ist ZAK?

Der Verein wurde im September 2008 von einer Gruppe von Trainern, Sportlern mit und ohne geistiger Behinderung und Eltern gegründet, die einen neuen Weg einschlagen wollten. Ziel von ZAK! ist es, integrativ zu arbeiten und die Inklusion von Menschen mit geistiger Behinderung durch gemeinsame sportliche, kulturelle und soziale Aktivitäten zu fördern.

Der Verein basiert ausschließlich auf dem Prinzip der Ehrenamtlichkeit. ZAK! arbeitet im Wesentlichen dank kompetenter und engagierter Trainer, begeisterter junger Partner, die bereit sind, einen Teil ihrer Freizeit zu opfern, und Eltern sowie Erziehern, die sich für eine bessere Akzeptanz geistiger Behinderung in der Gesellschaft einsetzen.

—————————————————————————–

Duerch dat immenst Resultat vum Kiwanis Classic Car Event, konnt de Kiwanis Club Uelzechtdall der Associatioun Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg e Scheck am Wäert vun 10’000 € iwwerreechen.

26.04 De Kiwanis Classic Car Event ass green event

11.04 Tragelux ass Partner vum Kiwanis Classic Car Event

9.04 KCCE zu Iechternach „Oldtimer om Moart“

5.04 De Kiwanis Classic Car Event an der Galerie vun der Nordstrooss Shopping Mile zu Marnich

4.04 Chauffage Barthel vun Housen ass Partner beim Kiwanis Classic Car Event

29.03 de Besch a Gaarden Zenter ass Partner beim KCCE

GOOD NEWS

29.03 Op Grond vun e puer Nofroen hu mer de Kiwanis Classic Car Event och opgemaach fir klassesch Motorieder, fir Youngtimer a Sportween.

22.03 Garage Castermanns vu Rolleng ass Partner vum KCCE

21.03 De neie Logo vum Kiwanis Classic Car Event 30+ ass do

15.03 De Garage Schmitz vu Miersch ass Partner vum Kiwanis Classic Cars Event 30+

11.03 Mir fueren déi éischt Tester mam Roadbook fir Zäiten ze ermëttelen

11.03 Flowey a Metty Wertch si nei Partner vum KCCE

10.03 E neie Partner vum KCCE, d’Brauerei SIMON vu Wolz

9.03 Philcars vun Osper ass elo Partner vum Kiwanis Classic Car Event

8.03 House Concept ass neie Partner beim Kiwanis Classic Car Event

7. 03 Et gëtt fantastesch. Mir kënnen Iech matdeelen, datt de Cercle Luxembourgeois de Vol à Voile eis beim Oldtimerrallye ënnerstëtzt. Loost Iech iwerrasche wat do derbäi eraus kënnt. CLVV.lu

25.02 Nordstrooss Shopping Mile ass de nächste Partner vum Kiwanis Classic Car Event. Mir verbréngen eis Mëttestonn zu Marnech

22.02 Assuranses Jacoby-Wampach, Lalux Assurances ass neie Partner vum KCCE

18.02 E Puer Fotoe vu Renault vun der Rétromobile zu Paräis

12.02 D’Aschreiwung ass op. Mellt Iech un op kiwanis.cce(ad)gmail.com

7.02 Modulor vum Mierscherbierg ënnerstëtzt de KCCE

2.02 Kiggens Classic Workshop vu Consthum këmmert sech em d’Autoen um KCCE, sollt mol een en Panne faalen

1.02 Rétromobile zu Paräis

15.01 Owes nom Rallye maache e klengen Afterrallye mat live Musik mam Mike Poiré, de pianoman.lu

11.01 De Renault Garage Thommes vu Miersch gëtt eise Premiumpartner. Départ an Arrivée si beim Garage um Mierscherbierg.

2022

27. 11 De Restaurant A Guddesch vu Biereng ënnerstëtzt de Kiwanis Classic Car Event

1.11 D’Roadbook fir de Kiwanis Classic Car Event gëtt vun de Kaartenkritzeler preparéiert

1.11 De Kiwanis Classic Car Event op Visite um Autojumble um Kierchbierg beim Conservatoire National de Véhicules Historiques a beim Kriterium Néckel Koob

15.10 De Restaurant Beim Bertchen vu Wuelessen ënnerstëtzt de Kiwanis Classic Car Event

15.10 D’Brasserie Beim Bertchen op der Jouschter-Déckt ënnerstëtzt de Kiwanis Classic Car Event

1.10 Luxembourg Classic vun der Motorpresse Stuttgart zu Useldeng

27.05 Den Atelier Levygraphie huet seng Mataarbecht zougesoot a mécht d’Fotoen um Fotopoint

5.05 De Restaurant Madeleine vu Marnech ënnerstëtzt de Kiwanis Classic Car Event

1.05 De Groupe de Travail fir d’Organisatioun vum Klassic Car Event fänkt u mat plangen