De Start an d’Arrivée vum KCCE si rëm um Mierscherbierg am Renault Garage Thommes. Um Programm stinn ongeféier 200 km Richtung Süden vu Lëtzebuerg.

Den Erléis ass fir d’Kanner Stëmm.

Startgeld ass 250 € fir den Auto an zwou Persounen. All weider Persoun kascht 70 €.

Am Startgeld abegraff ass moies de Kaffi, Croissant an Uebst. Een dräigängege Menu op dräi verschidde Plazen a Waasser iwwer Dësch.